Pierre Berchem | |
---|---|
Gebuer |
16. Dezember 1929 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
1. Mee 2019 Krautem |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sculpteur, Moler |
Famill | |
Papp | Léon Berchem |
![]() |
De Pierre Berchem, gebuer de 16. Dezember 1929 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 1. Mee 2019 zu Krautem[1], war e lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
Hie koum aus enger Kënschtlerfamill, säi Papp de Leo Berchem war Schrëftsteller a Folklorist, säi Grousspapp den Antoine Jans, e bekannte Parzeläinsmoler.
Säi Secondaire hat hien an der Handwierkerschoul zu Lëtzebuerg gemaach, wou hie beim Professer Jean-Pierre Calteux Molerei geléiert huet. Duerno goung hien op d'Académie des Beaux Arts vu Léck, wou hie beim Professer Marceau Gillard Skulptur studéiert huet. Hien huet och zu Paräis am Atelier vum André Del Debbio geschafft.