Pioneer 6 | |
---|---|
![]() | |
Zil | Technologie-Test an Ënnersich vum Interplanetare Raum |
Land | USA |
Agentur | NASA |
Mass | 146 kg |
Start | 16. Dezember 1960, 07:31 UTC |
Startplaz | Cape Canaveral AFS Launch Complex 17 |
Drorakéit | Delta E |
Status | op enger Ëmlafbunn tëscht Äerd a Venus |
Pioneer 6 war eng Raumsond vun der US-amerikanescher Weltraumorganisatioun NASA am Kader vum Pioneer-Programm. Si war déi éischt vun am Ganze véier Pioneer-Sonde fir d'Moosse vun der Sonnenaktivitéit an hirer Auswierkung op den interplanetare Raum. Si sollt, wéi déi dräi nofollgend Sonden, op enger heliozentrescher Ëmlafbunn Miessunge maachen an ënner anerem viru Sonnestierm warnen.