De President vun de Vereenegte Staate vun Amerika ((en) President of the United States of America) ass engersäits de Staatschef, awer och de Regierungschef an den ieweschte Kommandant vun den Arméie vun de Vereenegte Staaten.
De President gëtt all véier Joer an zanter 1951 héchstens zweemol gewielt ginn.
Den aktuellen a 47. President ass zanter dem 20. Januar 2025 de Republikaner Donald Trump.
Do déi getrennt Amtszäite vum Grover Cleveland an dem Donald Trump eenzel gezielt ginn, gouf d'Amt bis elo vu 45 Männer ausgeüübt. Et gouf nach keng Presidentin.
D'Wal vum President ass indirekt: D'Bierger vun den eenzelne Bundesstaaten stëmmen iwwer Walleit of, déi den Electoral College bilden. Dee wielt de President. Kritt kee Kandidat eng Majoritéit, decidéiert d'Representantenhaus, wéi bei de Presidentschaftswalen vun 1800 an 1824. Gläichzäiteg gëtt mam President e Vizepresident gewielt. Deen huet, no der Constitutioun, nëmmen d'Aufgab am Senat ze sëtzen. Wann awer e President, duerch Doud, Récktrëtt oder Ofsetzung, virleefeg aus dem Amt scheed, kënnt de Vizepresident fir d'restlech Walperiod mat alle Rechter u seng Plaz. De President ernennt Minister ((en) Secretaries), déi zesummen mat him d'Regierung bilden. Si mussen vum Senat bestätegt ginn. Änlech ass et um Ieweschte Geriichtshaff: Gëtt eng Riichterplaz fräi, schléit de President en neie Riichter vir, dee vum Senat bestätegt gi muss.