Proba-2

De Proba-2 ass e Klengsatellit vun der ESA, deen entspriechend dem Konzept vu Proba (en: Project for On-Board Autonomy) fir Projet fir Bordautonomie, autonom a käschtegënschteg operéiere soll. De Start vum 130 kg schwéieren an 0,6×0,6×0,8 Meter grousse këschtefërmege Satellit op eng sonnesynchron Ëmlafbunn a 700 km Héicht war den 2. November 2009 zesumme mat dem SMOS-Satellit u Bord vun enger Rockot-Rakéit vun der russescher Weltraumgare Plessezk aus.

Proba-2 test nei Lithium-Ionebatterien, eng verbessert Datenerfaassung a -veraarbechtung, liicht Strukturelementer op Basis vun Aluminium an CFK, eng verbessert Lagereegelung duerch nei Reaktiounsrieder a Verbindung mat GPS-Empfänger a Stäresensoren déi och bei der BepiColombo agesat solle ginn, a mat Xenon a Stéckstoff bedriwwene Resistojets fir d'Bunnreegelung. Laserreflekteren erméiglechen déi genee Positiounsbestëmmung vun der Äerd aus.

Proba-2 ënnersicht d'Sonnestralung an dee vum Sonnewand ausgeléiste Plasma an der Magnéitosphär vun der Äerd.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne