![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat den Erkennungs- an Detektiounsmethoden op Basis vun elektromagnéitesche Wellen: Radar. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Radar (Homonymie). |
Radar ass d'Ofkierzung fir radio detection and ranging (fräi iwwersat "funkgestëtzt Detektéier- an Ofstandsmiessung") oder radio direction and ranging (fräi iwwersat "funkgestëtzt Richtungs- an Ofstandsmiessung“)[1], tëschenzäitlech radio aircraft detection and ranging (fräi iwwersat "funkbaséiert Fligerortung an -ofstandsmiessung") an ass d'Bezeechnung fir verschidden Erkennungs- an Detektiounsmethoden an -instrumenter op Basis vun elektromagnéitesche Wellen am Radiofrequenzberäich (Funkwellen).