D'Radarastronomie ass eng Method fir Ënnersich vu physikaleschen Eegenschafte a bildlechen Duerstellunge vun Himmelskierper aus eisem Sonnesystem ze maachen. Bei dëser Technik gi Mikrowelle vun engem grousse Radioteleskop oder engem anere Sender, dee fäeg ass staark gebëndelt Mikrowellestralen a Richtung vun engem Objet, deen ënnersicht soll ginn, ze verschécken, an uschléissend mat engem Radioteleskop oder Verbond vu Radioteleskopen déi reflektéiert Mikrowellen, also den Echo z'ënnersichen. D'Radarastronomie ënnerscheet sech vun der normaler Radioastronomie doran, datt d'Radioastronomie eng reng passiv Observatiounsmethod vun der Stralung ass, déi vun engem Objet ukënnt, wougéint d'Radarastronomie aktiv selwer Stralung fortschéckt. An der Radarastronomie gëtt zousätzlech nach tëscht gepulster a kontinuéierlecher Mikrowellesendung ënnerscheet.