Reckendall

Reckendall
Numm lb: Reckendall
fr: Reckenthal
Bemierkung Deel vum CR230
Längt ca. 2.700 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Stroossen
Uertschaft Lëtzebuerg
Stroossen
Quartier Rollengergronn
Postcode 2410
Koordinaten 49° 37’ 26’’ N
      06° 05’ 49’’ O

De Reckendall ass e Lieu-dit an eng Strooss an der Gemeng Stroossen an am Quartier Rollengergronn vun der Stad Lëtzebuerg. En ass en Deel vum CR230 a verbënnt d'Rue de Rollingergrund (N12) mat der Areler Strooss (N6) zu Stroossen.

Am ënneschten (ëstlechen) Deel leien d'Haiser op der gerueder Stroossesäit (Hausnummeren 12 - 132) um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg, all déi aner Haiser - an domat de gréissten Deel vum Reckendall - gehéieren zu der Gemeng Stroossen.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne