Regierung Werner-Cravatte

D'Regierung Werner-Cravatte ass aus de Chamberwale vum 7. Juni 1964 ervirgaangen. Et war eng Koalitiounsregierung aus CSV an LSAP, déi de 15. Juli 1964 vereedegt gouf an aus 8 Ministeren an 2 Staatssekretäre bestanen huet.

Eng Regierungskris wéinst dem Ofschafe vum obligatoresche Militärdéngscht huet de 25. November 1966 de Pierre Werner dozou bruecht, d'Demissioun vun dëser Regierung anzereechen; si huet awer bis den 3. Januar 1967 d'Amtsgeschäfter virugefouert, wou eng nei Regierung zesummegestallt gouf. Den Emile Colling an de Marcel Fischbach waren net méi dobäi; nei waren de Jean Dupong an, als éischt Fra an enger Lëtzebuerger Regierung, d'Staatssekretärin Madeleine Frieden-Kinnen. De Jean-Pierre Büchler gouf Minister.

Den 30. Oktober 1968 huet d'Regierung Werner-Cravatte op en Neits demissionéiert, dës Kéier war de Grond d'Pai vun de Staatsbeamten, d'Renten am Privatsecteur a méiglech Steiererhéijungen. Bis zum Untrëtt vun der Regierung Werner-Schaus II, déi aus Neiwalen ervirgung, huet si d'Amtsgeschäfter virugefouert.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne