Regierung Werner-Thorn-Flesch

D'Colette Flesch an de Pierre Werner 1981 um Kierchbierg, op engem Europäesche Conseil.

D'Regierung Werner-Thorn ass aus de Chamberwale vum 10. Juni 1979 ervirgaangen. Et war eng Koalitiounsregierung aus CSV an DP, déi de 16. Juli 1979 vereedegt gouf an aus 9 Ministeren an 2 Staatssekretäre bestanen huet.

Den 3. Mäerz 1980 koum et zu enger éischter Ëmbildung, wéi de Jean Spautz de Jean Wolter remplacéiert huet, dee gestuerwe war.

Den 22. November 1980 gouf d'Colette Flesch zur Vizepresidentin vun der Regierung, Ministesch fir Aussebezéiungen, Aussenhandel a Kooperatioun, Ministesch fir Wirtschaft a Mëttelstand a Justizministesch ernannt, nodeem de Gaston Thorn zum President vun der Europäescher Kommissioun ernannt gouf.

Déi sou entstane Regierung Werner-Flesch ass den 21. Dezember 1982 eng lescht Kéier ëmbesat ginn, nodeem de Camille Ney zeréckgetruede war. Den Ernest Mühlen huet seng Dossierë Landwirtschaft, Wäibau, Waasser a Bëscher iwwerholl. De Jean-Claude Juncker gouf Staatssekretär.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne