Regierung Eyschen

De Paul Eyschen, Staatsminister vun 1888 bis 1915

D'Regierung Eyschen war zu Lëtzebuerg 27 Joer, vum 22. September 1888 bis den 12. Oktober 1915, wéi de Paul Eyschen gestuerwen ass, am Amt.

Nodeems de Staatsminister Édouard Thilges den 8. September 1888 aus gesondheetleche Grënn zeréckgetrueden ass[1], gëtt seng Regierung den 22. September 1888 opgeléist[2]. De Paul Eyschen, deen an der Regierung ënnert dem de Blochausen an ënnert dem Thilges Generaldirekter fir d'Justiz war, iwwerhëlt d'Presidence vun der Regierung. Hie bleift wärend 27 Joer, bis zu sengem Doud am Joer 1915, Staatsminister a presidéiert domat déi Regierung, déi bis haut, déi längst Zäit am Amt war.

  1. cf. Guy Thewes, S. 52
  2. Legilux: Arrêté royal grand-ducal du 22 septembre 1888 accordant à M. Thilges démission honorable de ses fonctions de ministre d'État, président du Gouvernement. - Legilux, accessdate: 26 November 2023

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne