D'Regierung Thilges war vum 20. Februar 1885 bis den 22. September 1888 am Amt.
Spekulatiounen op der Bourse, vun deenen de Félix de Blochausen duerch Insider-Wësse profitéiert huet, féieren dozou, datt hien zerécktriede muss. Op d'Demande vum Kinnek-Groussherzog proposéiert den Emmanuel Servais eng nei Regierung, mat un der Spëtzt dem Édouard Thilges.