D'Regierung Werner-Schaus II ass aus de Chamberwale vum 15. Dezember 1968 ervirgaangen. Et war eng Koalitiounsregierung aus CSV an DP, déi de 6. Februar 1969 vereedegt gouf an ufanks aus 7 Ministere bestanen huet.
De 5. Juli 1971 sinn zwéi Staatssekretäre bäikomm: de Camille Ney an den Emile Krieps.
Den 10. September 1972, nodeem d'Madeleine Frieden-Kinnen am Kader vun der sougenannter Buergfrid-Affär zeréckgetruede war, ass de Jacques Santer als neie Staatssekretär bäikomm. De Camille Ney gouf Minister.