Eng Republik (lat. res publica) ass eng Staatsform, bei där d'Muecht prinzipiell an den Hänn vun der Allgemengheet läit, am Géigesaz zu der Monarchie an zu der Oligarchie, wou d'Muecht an den Hänn vun engem, oder enger klenger Grupp vu Leit ass.
D'Wuert kënnt vun de laténgesche Wierder res a publica. D'Wuert res kann ee mat Saach iwwersetzen an den Adjektiv publica mat publik, ëffentlech. Eng res publica ass also am éischte Sënn eng ëffentlech Saach.
Eng Republik' ass eng Staatsform, wou de Staatschef kee Monarch ass. D'laténgescht Wuert res publica suggeréiert datt de Staat vun der Bevëlkerung kontrolléiert gëtt. Eng Republik ass awer domat net ëmmer eng Demokratie. E Gouvernement mat republikanescher Staatsform kann och nëmmen eng limitéiert Demokratie beinhalten, wou d'Rechter nëmmen enger bestëmmter Grupp vu Leit virbehale sinn. An deem Fall kann eng Republik och diktatorial oder totalitär sinn. D'Konzept ass ausserdeem wäitleefeg genuch, datt och representativ Demokratie eng Republik ka sinn.