De Revenu d'inclusion sociale, kuerz Revis ass a Gesetzprojet fir eng staatlech Ënnerstëtzung fir Bierger mat engem ze nidderegen Akommes deen am Januar 2017 deposéiert gouf an deen Garantéiert Mindestakommes, kuerz RMG, Revenu Minimum Garanti, vun 1986 ersetze soll.[1]
Obwuel Lëtzebuerg dacks als räicht Land duergestallt gëtt, gëtt et am Land vill Mënschen, deenen et net gutt geet. 2003 hu ganzer 10 % vun de Leit ënner der Aarmutsgrenz gelieft.[2] 2008 waren et 14 %. Dofir gëtt et den RMG, d'garantéiert Mindestakommes. D'Gesetz vum RMG gouf zu Lëtzebuerg agefouert, fir datt déi Leit, déi um Existenzminimum gelieft hunn, och eng besser Chance hunn. Am Juni 2004 gouf et geännert, an 2017 revidéiert, woubäi och den Numm geännert huet.[1]
Den RMG louch am Mäerz 2009 bei 1198,67 € netto fir een Erwuessenen ouni Kanner, bei zwee Erwuessener ouni Kanner mécht den RMG 1798 € aus. All Kand dat dobäi kënnt bréngt 109 € méi.