Moundkrater Riccioli | |
---|---|
D'Moundkratere Riccioli a Grimaldi (LROC-WAC) | |
Eegenschaften | |
Breet | -2,9° S |
Längt | -74,37° W |
Duerchmiesser | 155,66 km |
Déift | 2,3 km |
Selenographesch Längt | 75° bei Sonnenopgank |
Genannt nom | Giovanni Riccioli (1598–1671) |
Genannt am Joer | 1935 |
De Riccioli ass en 150 km grousse Rankbierg um westleche Rand vun der viischter Moundsäit. E grenzt un dat grousst Grimaldi-Aschlagsbecken an ass, wéi deen, deelweis vun däischterer, basaltescher Lava bedeckt.
De Kraterbuedem ass net glat, mä staark gegliddert. Am Südoste leien dräi parallel Rillen, d'Rimae Riccioli.
De Riccioli mécht mat de bal d'selwecht grousse Kratere Grimaldi an Hevelius e gläichsäitegen Dräieck um Rand vum Oceanus Procellarum.
De Krater ass nom italieenesche Jesuitt an Astronom Giovanni Riccioli genannt.
Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
---|---|---|---|
C | 0,58° N, 73,18° W | 30 km | [1] |
CA | 0,63° N, 73,13° W | 14 km | [2] |
F | 8,73° S, 73,86° W | 30 km | [3] |
G | 1,27° S, 71,11° W | 15 km | [4] |
H | 1,13° N, 75,01° W | 18 km | [5] |
K | 2,3° S, 77,56° W | 41 km | [6] |
U | 5,8° S, 72,92° W | 8 km | [7] |
Y | 3,05° S, 73,32° W | 7 km | [8] |