Robert Freitag | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
7. Abrëll 1916 Wien |
Gestuerwen |
8. Juli 2010 München |
Nationalitéit | Schwäiz, Éisträich |
Aktivitéit | Filmregisseur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Regisseur, Schauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Maria Becker |
Kanner | Benedict Freitag, Oliver Tobias |
![]() |
De Robert Freitag, gebuer als Robert Peter Freytag de 7. Abrëll 1916 zu Wien, a gestuerwen den 8. Juli 2010 zu München, war e Schwäizer Schauspiller a Regisseur.
De Robert Freitag ass de Jong vum Schwäizer Operesänger Otto Freitag. Hien huet zu Wien am Reinhardt-Seminar Schauspill studéiert. Hien ass zur Zäit vum Nationalsozialismus an d'Schwäiz ausgewandert an ass vun 1941 am Schauspielhaus Zürich opgetrueden.
Hie war mat der Schauspillerin Maria Becker bestuet. Si sinn d'Eltere vun de Schauspiller Benedict Freitag an Oliver Tobias. De Robert Freitag war no senger Scheedung vun der Maria Becker vun 1965 bis bis zu sengem Doud am Joer 2010 mat der Schauspillerin Maria Sebaldt bestuet.