Ronald Colman | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
9. Februar 1891 Richmond |
Gestuerwen |
19. Mee 1958 Santa Barbara |
Doudesursaach | Longenemphysem |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich, Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Dréibuchauteur, Televisiounsschauspiller, Schauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Benita Hume |
![]() |
De Ronald Colman, gebuer den 9. Februar 1891 zu Richmond an England, a gestuerwen den 19. Mee 1958 zu Santa Barbara a Kalifornien, war en englesche Schauspiller.
De Colman gouf am Éischte Weltkrich als Zaldot am Frankräich schwéier verwonnt. Duerno huet hie versicht am Theater Fouss ze faassen. 1920 ass hien an d'USA gaangen a krut en Engagement um Broadway. Hei gouf hie fir de Film entdeckt. Hien huet a Filmer vu bedeitende Regisseure wéi: Henry King, Ernst Lubitsch, John Ford, Joseph L. Mankiewicz a King Vidor matgespillt.
1948 krut hien en Oscar als beschte Schauspiller fir de Film A Double Life.