| |||||
---|---|---|---|---|---|
![]() | |||||
Stadhaus vu Roubaix | |||||
Land | ![]() | ||||
Regioun | Hauts-de-France | ||||
Departement | ![]() | ||||
Arrondissement | Lille | ||||
Kanton | Roubaix-1 Roubaix-2 | ||||
Postcode | 59100 | ||||
Gemengecode | 59512 | ||||
Koordinaten | 50° 41’ 24’’ N 03° 10’ 54’’ O | ||||
Fläch | 1 323 ha | ||||
Bevëlkerung | 95 866 (2013) | ||||
![]() André Diligent Konscht- an Industriemusée – La Piscine |
Roubaix[note 1] ass eng al Industriestad am Norde vu Frankräich, no bei der belscher Grenz. Dës Stad ass och eng Gemeng am Departement Nord an der Regioun Hauts-de-France, a de Chef-lieu vun zwéi Kantonen. Mat ronn 96.000 Awunner ass Roubaix déi drëttgréisst Stad vun der Regioun no Lille an Amiens. Zesumme mat den Nopeschstied Lille, Tourcoing, Villeneuve-d'Ascq an 86 anere Gemenge bilt Roubaix d'Metropolregioun vu Lille,[note 2] déi ongeféier 1,2 Milliounen Awunner huet.[1]
An der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert ass, wéinst der industrieller Revolutioun, d'Stad rasant gewuess, soudatt Roubaix 1896 124.661 Awunner hat. Se war den Zentrum vun der franséischer Textilindustrie a gouf „franséisch Manchester” genannt. An de fréien 1970er Joren huet den Zesummebroch vun der franséischer Textilindustrie, bedéngt duerch méi bëlleg auslännesch Konkurrenz an d'Opkomme vun de syntheetesche Faseren, zu grousser Aarbechtslosegkeet zu Roubaix an der ganzer Regioun gefouert.
D'Stad ass haut bekannt als Arrivée vun der Vëloscourse Classique Paris-Roubaix. Et gëtt do och Héichschoulen, Universitéiten, Institutiounen a wichteg Kulturariichtungen, wéi d'Nationalarchive vun der Aarbechtswelt, de Konscht- an Industriemusée an den Textilmusée.
Zitéierfeeler: D'Markéierung <ref>
gëtt et fir d'Grupp "note", awer d'entspriechend Markéierung <references group="note"/>
gouf net fonnt oder een </ref>
feelt