Rudolf Forster | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
30. Oktober 1884 Gröbming |
Gestuerwen |
25. Oktober 1968 Bad Aussee |
Nationalitéit | Éisträich |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Filmschauspiller |
![]() |
De Rudolf Forster, gebuer als Rudolf Heribert Anton Forster den 30. Oktober 1884 zu Gröbming (Steiermark), a gestuerwen de 25. Oktober 1968 zu Bad Aussee an der Steiermark, war en éisträichesche Schauspiller.
De Rudolf Forster war vun 1913 un am Theater a vun 1914 un am Kino ze gesinn. Vun 1920 bis 1932 war hie Member vum Schauspielhaus Berlin.Bekannt Filmer aus der Stommfilmzäit vun him sinn Erdgeist vum Leopold Jessner an Die Hose vum Hans Behrendt.
De Rudolf Forsters huet säin éischten Tounfilm Die Dreigroschenoper ënner der Regie vum G. W. Pabst am Joer 1931 gedréint.
A senger Carrière beim Film huet de Rudolf Forster mat bedeitende Filmregisseure wéi Georg Wilhelm Pabst, Helmut Käutner an Otto Preminger geschafft. Donieft huet hien a senge Filmer mat berüümte Schauspiller wéi Conrad Veidt, Asta Nielsen, Romy Schneider, Curd Jürgens, Hans Albers an Hardy Krüger zesumme gespillt.