D'Sankt-Korneliuskierch vu Brandscheid ass déi kathoulesch Parkierch vu Brandscheid am Äifelkrees Béibreg-Prüm.
Vun der spéitgotescher Kierch, déi ëm 1500 gebaut gouf, waren nom Zweete Weltkrich nach just déi baussenzeg Maueren erhalen. 1949 gouf se ouni Verwëllef a Chouerbou nees opgeriicht. Vu bausse gesäit se d'selwecht aus wéi virum Krich.