Schmidt-Cassegrain-Teleskop

Stralegank vum Schmidt-Cassegrain-Teleskop
Schmidt-Cassegrain-Teleskop mat 8 Zoll (205 mm) Spigelduerchmiesser

De Schmidt-Cassegrain-Teleskop zielt zu de Spigelteleskopen. D'Ausféierung vum Schmidt-Cassegrain-Teleskop geet op d'Schmidt-Teleskop vum bedeitenden Optiker Bernhard Schmidt zeréck. Dobäi gëtt awer duerch e puer Kompromësser, déi aus praktesche Grënn agaange goufen, d'Leeschtungsfäegkeet vum Schmidt-Teleskop net erreecht. Duerch d'Kombinatioun vu Lënsen a Spigelen handelt et sech ëm ee katadioptresche System.

Am Tubus vum Schmidt-Cassegrain-Teleskop gëtt dat afalend Liicht vun engem sphäreschen Haaptspigel gebëndelt an op de Sekundärspigel (Sekundärspigel) zeréckgeworf. Am Ënnerscheed zum Newton-Teleskop gëtt d'Liicht vum Sekundärspigel net säitlech aus dem Tubus erausdirigéiert, mä an d'Mëtt vum Haaptspigel zeréckgeworf. Op där Plaz ass den Haaptspigel duerchgebuert, soudatt d'Liicht do aus dem Tubus eraus op d'Okular fält. De Sekundärspigel ass an der Mëtt vun enger dënner Glasscheif (Schmidt-Plack) mat enger Spigelfaassung als separat optescht Glid ugemaach. D'Aufgab vun dëser Korrektiounsplack ass et, d'sphäresch Aberratioun vum Haaptspigel ze behiewen an d'Koma vum ganze System ze miniméieren. Den Ënnerscheed zum Maksutov-Cassegrain-Teleskop läit an der Korrektiounsplack, déi beim Maksutov-Cassegrain ganz déck a gebéit ass (Meniskuslëns).


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne