D'Schwaarzt Mier ass e Mier tëscht Europa a Klengasien. D'Länner ronderëm sinn d'Tierkei, Bulgarien, Rumänien, d'Ukrain, Russland a Georgien. D'Schwaarzt Mier ass bei Istanbul via d'Mierenkt vum Bosporus, d'Marmara-Mier an d'Dardanelle mat der Ägeis, resp. dem Mëttelmier verbonnen. Den déifste Punkt läit 2210 Meter ënner Waasser. D'Surface ass 422 000 km².