E Schwongrad ass e Maschinnenelement a Form vun engem Rad.
Fir en Ausgläich fir den deelweis onreegelméissege Verlaf vum Dréimoment vun enger Aarbechts- oder Kraaftmaschinn ze fannen, ass eng Schwongmass néideg, déi der Maschinn méi e rouege Laf erlaabt. Doriwwer eraus erméiglecht d'Schwongrad, bei enger Dréibeweegung Dréienergie ze späicheren.
E Beispill vun engem Schwongrad ass d'Onrou an enger mechanescher Auer.