Scriptorium

E Schreiwer an engem Scriptorium (Miracles de Notre Dame, fol. 19; no 1456).

Scriptorium ginn déi Schreifateliere genannt, déi an der Spéitantikitéit opkoumen a meeschtens a Kléischter ënnerbruecht waren. An hinne goufe sakral an deelweis och profan Texter vun Hand reproduzéiert an duplizéiert.

D'Klouschterskriptorien hu virun allem am Fréimëttelater bal nëmme fir hiren eegene Gebrauch, oder awer op Commande, fir en Adlege geschafft. Zanter dem 13. Joerhonnert koumen och biergerlech Schreifatelieren op (z. B. fir de Besoin u Bicher vun den Universitéiten ze decken, déi no an no entstane sinn).

Mat der Etabléierung vum Buchdrock mat beweegleche Lettere gouf d'Kultur vum Skriptorium bal ganz duerch d'Typographeum ofgeléist.

Ëm d'11. Joerhonnert war d'Klouschter Iechternach bekannt fir säi Scriptorium, an deem verschidde Codices geschafe goufen.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne