De Sharpless-Katalog ass eng Lëscht vun 312 HII-Regiounen (Emissiounsniwwelen) mat der Absicht vun enger kompletter Lëscht vun dësen Objeten nërdlech vun der Deklinatioun δ = -27° (hien huet allerdéngs och e puer Niwwelen südlech vun dëser Positioun). Déi éischt Editioun aus dem Joer 1953 (Sh1) hat 142 Objeten, déi zweet a lescht Versioun vun 1959 (Sh2) vum Stewart Sharpless dann 312 Objeten. De Katalog huet och e puer Planetareschen Niwwelen a Supernova-Reschter.[1]
Am Joer 1953 gouf de Stewart Sharpless Mataarbechter vun der United States Naval Observatory, wou hien HII-Regioune vun der Mëllechstrooss op Basis vun der Duerchmusterung vum Palomar Observatory Sky Survey analyséiert a katalogiséiert huet. Aus dëser Aarbecht eraus huet hie seng Kataloge vun HII-Regiounen an zwou Editioune publizéiert, den éischten nach am selwechte Joer mat 142 Niwwelen.[2] Déi zweet an och lescht Editioun gouf 1959 publizéiert a hat dann 312 Niwwelen.[3]
Sharpless-Koordinate vun der éischter Editioun Sh1 hunn op de Stärekataloge vun der Bonner Duerchmusterung oder der Córdoba-Duerchmusterung baséiert. Déi zweet Editioun huet Koordinate vun der Epoch 1900 benotzt.[1]
Am Sh2 hunn e puer Koordinate vun der südlecher Hemisphär Miessofwäichungen vun iwwer enger Bouminutt.[1] Dat kann en Opfanne vun de gesichten Objeten däitlech erschwéieren. Dofir gouf e revisionéierte Katalog mam Numm BFS (Blitz, Fich and Stark) erausginn.[1] Dësen hat 65 nei Objeten, 20 Objete goufen ewechgeholl.[1] Déi meescht vun den Objeten, déi ewechgeholl goufen, waren entweeder schonn opgehollen Niwwelen oder Iwwerreschter.[1]
Déi 312 Vermierker am Sharpless-Katalog iwwerlappen sech heiansdo mat den 110 am Messier-Katalog (M), de 7.840 vum New General Catalogue (NGC), dem Caldwell-Katalog (dee selwer nees eng Ënnerauswiel vun anere Katalogen duerstellt) mat 109 Iwwerlappungen wéi och dem RCW-Katalog. Zäitgenëssesch waren d'Kataloge Gum an RCW, obwuel dës haaptsächlech déi südlech Hemisphär ofdeckten.