D'Sinai-Hallefinsel (Arabesch: سيناء, Sīnāʾ) ass eng Hallefinsel, déi zu Egypten gehéiert.
Si läit op der Afrikanescher Plack tëscht dem dem afrikanesche Kontinent an der arabescher Hallefinsel, vun där se geologesch duerch de Jordangruef getrennt ass. Geographesch gëtt de Sinai zu Asien gezielt. Si ass ronn 61.000 km² grouss (annerhallefmol sou grouss wéi d'Schwäiz) a geet bis bei d'Rout Mier. Am Weste vun der Hallefinsel läit de Golf vu Suez, am Osten de Golf vun Aqaba.
D'Landschaft ass wüstenhaft a besteet am Süden haaptsächlech aus graffen, plakege Bierger. Op der Sinai-Hallefisel läit de Bierg Sinai an den Katharinebierg (Dschabal Katrina), dee mat enger Héicht vu 2637 m deen héchste Bierg op der Hallefisnel (a vu ganz Egypten) ass.
Politesch ass d'Hallefisel an zwéi Gouvernementer ënneragedeelt: Am Norde läit Schimal Sina mat der Haaptstad al-Arisch op der Côte vum Mëttelmier, mat ronn 128.000 Awunner (2005) déi gréisste Stad am Sinai; am Süden Dschanub Sina mat der Haaptstad at-Tur.
D'Hallschecht vun de ronn 1,3 Millioun Awunner sinn nach ëmmer Beduinen, déi a knapps 20 Stämm liewen an zum Deel nach en nomadescht Liewe féieren, andeems se vu Véizucht (Geessen, Schof, Dromedaren), un der Ostküst och vum Fëschfang, an ëmmer méi och vum Tourismus liewen.
Am Norde vun der Hallefinsel gëtt den As-Salam-Kanal gebaut, duerh deen d'Waasser aus dem Nil, ënner dem Suezkanal erduech, eropgeppompelt gëtt. op der Südspëtzt leien d'Stad Sharm El-Sheikh mat villen Hotellen an de Ras-Mohammed-Nationalpark, deen net bewunnt ass.