Sinus Successus

De Sinus Successus, opgeholl vun der Raumsond Clementine.

De Sinus Successuslat. fir Bucht vum Erfolleg – ass en Ausleefer vum Mare Fecunditatis op dem Äerdmound. D'Benennung war am Joer 1979 duerch d'International Astronomesch Unioun erfollegt.

Déi donkelgro Basaltfläch vum verstengerte Lavaséi huet e mëttleren Duerchmiesser vun 132 Kilometer. D'Mieresbucht läit um Equator am Oste vun der äerdzougedréiter Moundsäit, um Nordostrand vum Mare Fecunditatis, bei de selenographesche Koordinaten 0° 54' Nord an 59° 00' Ost.

Portal Astronomie


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne