D'Slawesch Sproochen sinn eng grouss Grupp vu Sproochen, déi an Zentaleuropa, Osteuropa an am russeschen Deel vun Asien geschwat ginn. Si gehéieren zu den indoeuropäesche Sproochen, méi genee zur Grupp vun de Satem-Sproochen. Si bestinn aus dräi Äscht: d'ostslawesch, d'westslawesch an d'südslawesch Grupp. Zesummen hunn d'slawesch Sproochen ëm déi 300 Millioune Spriecher, wouvun nobäi d'Hallschent (zirka 145 Mio.) Russesch als Mammesprooch huet.
Si gi charakteriséiert vun enger syntheetescher Grammaire. Wéi am Lëtzebuergesche gëtt et männlech, weiblech a sächlech Wierder, déi allerdéngs an de meeschte Sproochen a sechs oder siwe Fäll deklinéiert ginn. Ausserdeem hunn d'Substantiver, d'Pronomen an d'Verben an alle moderne slawesche Sproochen d'Eenzuel an d'Méizuel, am Uewer- an Niddersorbeschen an am Sloweenesche gëtt et och eng Zweezuel. Verbe gi konjugéiert an hu souwuel Zäite wéi och Aspekter.
Déi éischt geschriwwe slawesch Sprooch war d'Alslawesch oder Alkiercheslawesch, déi sech spéiderhi weiderentwéckelt huet an d'Kiercheslawesch. Meeschtens ginn dës Sproochen zu de südslawesche Sprooche gerechent.
D'Serbesch an d'ostslawesch a südostslawesch Sprooche gi mam Kyrilleschen Alphabet geschriwwen, d'westslawesch a südwestslawesch Sprooche mam Laténgeschen Alphabet.