So laang we's du do bast (an haiteger Schreifweis: Sou laang wéi s du do bass) ass e Lidd vum lëtzebuergesche Sänger Camille Felgen. Et war déi lëtzebuergesch Bedeelegung am Grand Prix Eurovision de la Chanson 1960 zu London, gesongen op Lëtzebuergesch. Et koum op déi dräizéngt an domat lescht Plaz, mat just engem Punkt vun Italien.[1]
Den Text vum Lidd koum vum Henri Moots, deen och zesumme mam Jean Roderes d'Melodie komponéiert huet.[2] Den Henri Moots huet och eng däitsch Versioun mam Titel Solange du da bist geschriwwen, déi de Camillo Felgen opgeholl huet.[3]