Somontona ass eng Wäibauregioun a Spuenien. D'Wäiner déi aus dëser Géigend kommen, kënne wa se de Krittären entspriechen, d'Denominación de origen (D.O. SOMONTANO) kréien. Si läit an der Provënz Huesca an der Regioun Aragonien, an ass eng vun den 51 spuenesche Wäigéigenden an deenen d'Wäiner eng D.O. kënne kréien.
Dës Wäibauregioun huet eng Ubaufläch vu 4.000 ha an huet z. B. am Joer 2003 135.307 Hectoliter Wäi produzéiert.