Stater Tram

Zwou Urbos-3-Ramme vum Stater Tram.

De Stater Tram ass am Ament eng Tramslinn, déi vun der Firma LuxTram S.A. bedriwwe gëtt an där hiert éischt Deelstéck den 10. Dezember 2017 opgoung. Si markéiert en neit Kapitel vum Tram an der Stad, nodeems et schonn tëscht 1875 an 1964 ee gouf, deem um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg a verschiddenen Nopeschgemenge gefuer ass.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fréiere Stater Tram.

D'Streck besteet einstweilen aus enger eenzeger Linn, der T1, a féiert op enger Längt vu 16 Kilometer vum Fluchhafe Findel iwwer de Kierchbierg, de Glacis, den Hamilius, d'Stater Gare an d'Gare Houwald bis bei de Stadion. Den Trajet huet 24 Halten, déi an der Moyenne 500 Meter auserneeleien. Eng Faart dauert 37 Minutten. Den 2. Mäerz 2025 goung dat lescht Deelstéck tëscht dem Findel an der Luxexpo a Betrib.

2025 ass dermat ugefaange ginn, dat éischt Deelstéck vun enger vu méi geplangten neie Strecken ze bauen, soudatt ee mëttelfristeg nees vun engem Tramsreseau schwätze kann.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne