An engem ale Stellwierk.Saxby-Stellwierksanlag um Stellwierk Raeren
E Stellwierk ass eng Sécherheetsanlag bei der Eisebunn déi verschidde Missiounen z'erfëllen huet:
d'Iwwerwaachung vum Zoustand vun de Baudeeler déi fir den Zuch- a Rangéierbetrib noutwendeg sinn (Weichen, Signaler, Streckeblock an evt. Barriären),
d'Steierung vun dëse Baudeeler,
d'Ofsécherung vum Zoustand vun dëse Baudeeler fir ze verhënneren datt iertemlech oder zoufälleg falsch Situatioune kënnen entstoen an doduerch e séchere Betrib vun den Zuch- a Rangéierbeweegungen ze garantéieren.