An dësem Artikel geet et ëm de Stephansdoum zu Wien. Fir de Passauer Doum, kuckt wgl. Stephansdoum (Passau).
De Stephansdoum um Wiener Stephansplatz (1. Bezierk) ass zanter 1365 Doumkierch (Sëtz vun engem Doumkapitel), zanter 1469/79 Kathedral (Bëschofskierch) an zanter 1723 Metropolitankierch vum Äerzbëschof vu Wien.
Den Doum, dee vun de Wiener och Steffl genannt gëtt, gëllt als e Symbol vu Wien.
D'Gebai ass 107 m laang a 34 m breet. Den Doum ass eent vun de wichtegste gotesche Gebaier an Éisträich; Deeler vum spéitromanesche Bau vun 1230/40-1263 sinn och haut nach erhalen. Den Doum huet véier Tierm: den héchsten dovun ass de Südtuerm mat 136,4 m, den Nordtuerm gouf net fäerdeggebaut an ass nëmmen 68 m héich. Lénks a riets vum Haaptagank sinn déi zwéin Heedentierm, déi zirka 65 m héich sinn. Am fréieren Éisträich-Ungarn duerft keng Kierch méi héich wéi de Südtuerm gebaut ginn. Sou gouf zum Beispill den Neien Doum zu Linz zwéi Meter méi kleng gebaut.
De Südtuerm ass en architektonescht Meeschterwierk vun der deemoleger Zäit - trotz senger impressionnanter Héicht ass d'Fëllement nëmmen 1,5 m déif. Ausserdeem steet den Tuerm komplett fräi an ass net mam Haaptkorpus vun der Kierch verbonnen. Am Südtuerm hänken 18 Klacken, vun deenen der nëmmen 13 a Funktioun sinn, an d'Haapt-Lautwierk vum Stephansdoum sinn. D'Pummerin selwer, eng vun de gréisste Klacken an Europa, hänkt am Nordtuerm ënner enger - am Géigesaz zu der gréisstendeels gotescher Kierch - barocker Tuermhauf.