Strooss

Eng bekannt Strooss an der Stad Lëtzebuerg

Eng Strooss (vum lat.: [via] strata, „geplooschterte Wee“) ass generell e Stéck Land vu variabeler, awer meeschtens grousser Längt, am Verglach zur Längt enger klenger Breet, an enger befestegter Uewerfläch, déi d'Zirkulatioun vu Persounen a Gefierer op der Strooss tëscht verschiddenen Uertschaften oder Deeler vun Uertschafte vereinfacht.

Et kann een ënnerscheeden tëscht Stroosse bannent enger Uertschaft, bei deene meeschtens op enger oder béid Säite vun der Strooss Gebaier stinn déi normalerweis vun der Strooss duerch en Trëttoir getrennt sinn, an de Stroossen, déi duerch d'Landschaft verlafen a verschidden Uertschafte matenee verbannen.

Bei ville Stroossen, besonnesch bei deene bannent enger Uertschaft, sinn am Buedemberäich ënner der befestegter Uewerfläch Installatioune wéi d'Kanalisatioun, Waasser-, Stroum, Gas- an Telefonsleitungen.

D'Gesamtheet vun de Stroossen op engem bestëmmte Gebitt gëtt als Stroossennetz bezeechent.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne