De Suezkanal (och Sueskanal, ar.: قناة السويس, Qanāt as-Suwais) ass e Schëfffahrtskanal an Egypten tëschent den Hafestied Port Said a Port Taufiq bei Suez, deen d'Mëttelmier iwwer den Isthmus vu Suez mam Roude Mier verbënnt an et de Schëffer tëscht dem Nordatlantik an dem Indeschen Ozean erspuert, ronderëm ganz Afrika missen ze fueren. E Schëff, dat vu Rotterdam op Singapur fiert, brauch sou z. B. just 8.281 Séimeilen amplaz 11.755 Séimeilen, deemno der 3.647 manner.
De Suezkanal gouf de 17. November 1869 opgemaach, an en e ass 162,25 km laang. 2009 goufen d'Zoufaartsweeër op den zwou Säiten duerch Kanäl verdéift, soudatt seng Lägt ewell am Ganzen 193,30 km ass.[1] De Kanal gëtt als Grenz tëscht Afrika an Asien betruecht.[2]
De Suezkanal huet keng Schleisen an ass mat Mierwaasser gefëllt, dat vun den zwou Säiten nolafe kann.
Vum Juni 1967 (Krich vu Sechs Deeg) bis Juni 1975 war de Suezkanal gespaart.
De Suezkanal ass zanter Januar 2010 24 m déif. Zanterhir däerfen d'Schëffer, déi derduerch fueren, en Déifgang vu max. 20,1 m respektiv 66 Fouss hunn. Bei Schëffer, déi méi breet wéi 50 m. sinn, ass de maximalen Déifgang graduell méi kleng: E 77,5 m breet Schëff däerf da maximal nach just 12,2 m déif am Waasser leien. Et gëtt fir Schëffer och eng maximal Héicht vun 68 m, well um Wee d'Suezkanalbréck bei El Qantara nëmme 70 m iwwer dem Waasser ass.
De Kanal ass am Norden um Waasserspigel 345 m breet an op der Suel 215 m. Am Süde sinn dat repsektiv 280 m an 195 m. En ass eespuereg, dofir gëtt et 3 Plazen ënnerwee déi méi breet sinn, wou d'Schëffer laanschtenee kënne kommen: Port Said Eastern Entrance, Ballah By-Pass a Grousse Batterséi.
Zanter dem 26. Juli 1956 ass d'Suez Canal Authority Proprietär vum Kanal, déi e géréiert, fir seng Sécherheet verantwortlech ass, an e wann néideg reparéiert an ausbaut. Si kritt de Péage vun de Schëffer, déi duerchfueren. 2012 waren dat z. B. 5.129,7 Mio. USD fir am Ganze 17.225 Schëffer[3] deemno ronn 298.000 USD pro Schëff.