Superprestige

Superprestige
Allgemeng Informatiounen
Grënnungsdatum 1981
Editiounen 42 (am Joer 2023)
Periodizitéit All Joer
Oktober bis Februar
Plaz(en) Belsch
Holland
Statut vun de Participanten Professionell an Amateuren
Palmarès
Meescht Titelen BELBEL Sven Nys (H) (dräizéng Victoiren)
BELBEL Sanne Cant (D) (véier Victoiren)

De Cyclocross Superprestige ass eng Kompetitioun déi zanter der Wantersaison 1982/83 besteet an déi an ongeféier 8 Manchen (je no Saison) an der Belsch an an Holland gefuer gëtt. Am Ënnerscheed zur UCI-Cyclocross-Weltcoupe - déi bis 2003 nëmme vun Nationalekippe bestridde gouf - gëtt de Superprestige vu Profisekippe gefuer.

Bei den Dammen existéiert de Superprestige zanter der Saison 2015/16.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne