Titelblat vun der Zeitschrëftenausgab vun 1912 an den USA a vun der kanadescher Bucheditioun vun 1914
Den Tarzan ass eng vum Edgar Rice Burroughs erduechte Figur, déi fir d'éischt am Joer 1912 an der Geschicht Tarzan of the Apes opgetrueden ass. D'Geschicht war an der Oktobernummer vum All-Story Magazine ze liesen. A Buchform ass se 1914 erauskomm.