D'Wuert Teleskop staamt aus dem algriicheschen τηλε (téle) „wäit“ an σκοπεῖν (skopéin) „observéieren“.
Et bezeechent am Allgemengen Instrumenter, déi Elektromagnetesch Welle sammelen a bëndelen, fir och Objeten, déi wäit ewech leien, z'observéieren oder vergréissert ofbilden ze kënnen. De Begrëff "Teleskop" geet also iwwer déi optesch Astronomie (siichtbart Liicht, UV an Infrarout) eraus bis zum Beräich vu Röntgen- a. Radiostralung.
D'Teleskop soll 1608 vum Hans Lippershey entwéckelt gi sinn, nach ier de Galileo Galilei et e Joer méi spéit fir Stärenobservatioun gebraucht huet.
Nom Peter Borell sollen awer de Zacharias Janssen a säi Papp déi richteg Erfinder vum Teleskop sinn (1610) an den Hans Lipperhey eréischt duerno en Teleskop gebaut hunn, nodeem hie Kenntnes vun der Janssen-Erfindung kritt hat.[1]