Teuven | |
---|---|
![]() Vue vun Osten | |
Land | Belsch |
Regioun |
![]() |
Communautéit |
![]() |
Provënz |
![]() |
Arrondissement | Tongeren |
Gemeng |
![]() |
Fläch | 7,264 km² |
Koordinaten |
50° 45’ 05’’ N 05° 52’ 20’’ O |
Postcode | 3793 |
![]() |
Teuven ass eng belsch Uertschaft an der Gemeng Voeren an der Provënz Limburg.
Teuven läit am Dall vun der Gulp engem klengen Niewefloss vun der Gueule. Et ass en asymmetreschen Dall, an op de géien Häng ronderëmmer fënnt een Eechebëscher déi mat Bierken duerchsat sinn. Op de méi flaachen Deeler zur Baach zou fënnt ee Wisen. Iwwer d'Plateauë verdeelt sech d'Akerland.
Fréier huet Teuven zesumme mam Nopeschduerf Remersdal zum historeschen Herzogtum Limburg gehéiert.
Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 war Teuven en eegestänneg Gemeng.