D'Themis war eng vun den Titanen. Dem Hesiod no war si déi zweet Fra vum Zeus an d'Mamm vun den Horen a Moiren; duerch hire Brudder Iapetos war si d'Mamm vum Atlas, vum Menoitos a vun den Zwillinge Prometheus an Epimetheus.
D'Themis war d'Personifikatioun vu Recht an Uerdnung, vu Gerechtegkeet a Gesetz an ass och dacks am Fall wou ee vereedegt ginn ass ernimmt ginn. D'Themis huet d'Zukunft virausgesinn a soll och eng Zäit laang Patréinesch vum Orakel vun Delphi gewiescht sinn ier déi Funktioun op den Apollo iwwergaangen ass.
Heiansdo ass si mat hirer Mamm Gaia gläichgesat ginn.
![]() |
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie. |