Theo Lingen | |
---|---|
![]() Karikatur vum Theo Lingen, vum Hans Pfannmüller, 1976 | |
Gebuer |
10. Juni 1903 Hannover |
Gestuerwen |
10. November 1978 Wien |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Filmregisseur, Schrëftsteller, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Dréibuchauteur |
Famill | |
Bestuet mat | Marianne Zoff |
Kanner | Ursula Lingen |
![]() |
Den Theo Lingen, gebuer den 10. Juni 1903 zu Hannover, a gestuerwen den 10. November 1978 zu Wien; mam richtegen Numm Franz Theodor Schmitz, war en däitsche Schauspiller, Dréibuchauteur, Regisseur a Buchauteur.
Hien huet an den 1920er Joren ugefaangen als Theaterschauspiller ze schaffen an zënter den 1930er Joren och fir de Film, wou e bis an d'1970er Joren eran, ufanks a seriöen, duerno meeschtens a komesche Rollen, an iwwer 200 Filmer vill Succès hat. Bekannt gouf e besonnesch am Komikerduo mam Hans Moser, oder a populäre Filmer wéi Die Lümmel von der ersten Bank oder Tante Trude aus Buxtehude.
Hie war vun 1928 u mat der Sängerin Marianne Zoff bestuet, der éischter Fra vum Bertolt Brecht. Seng Duechter Ursula Lingen gouf och Schauspillerin.