| |||
Detailer | |||
Course | 99. Tour de France | ||
Kompetitioun | UCI World Tour 2012 2.UWT | ||
Etappen | 21 | ||
Datumer | 30. Juni – 22. Juli 2012 | ||
Distanz | 3.494,4 km | ||
Länner | Frankräich Belsch Schwäiz | ||
Depart | Léck | ||
Arrivée | Paräis | ||
Ekippen | 22 | ||
Um Depart | 198 | ||
Ukomm | 153 | ||
Vitess (Moyenne) | 39,9 km/h | ||
Official site | Official site | ||
Palmarès | |||
Gewënner | Bradley Wiggins (Team Sky) | ||
Zweeten | Christopher Froome (Team Sky) | ||
Drëtten | Vincenzo Nibali (Liquigas-Cannondale) | ||
Beschte Sprinter | Peter Sagan (Liquigas-Cannondale) | ||
Biergpräis | Thomas Voeckler (Team Europcar) | ||
Beschte Jonken | Tejay van Garderen (BMC Racing Team) | ||
Kombativitéit | Chris Anker Sørensen (Saxo Bank-Tinkoff Bank) | ||
Equipe | RadioShack-Nissan | ||
◀2011 | 2013▶ | ||
Dokumentatioun |
Den Tour de France 2012 war déi 99. Editioun vum Tour de France. En huet den 30. Juni 2012 zu Léck an der Belsch ugefaangen a koum den 22. Juli 2012 zu Paräis un. D'Course hat eng total Distanz vun 3.494 Kilometer. 198 Coureure aus 31. Natioune sinn an 22 Ekippen un den Depart gaangen, 153 dovun hunn et och iwwer d'Zillinn gepackt.
Den Tour gouf vum Britt Bradley Wiggins gewonnen, dee vun der 7. Etapp un de Gielen Trikot net méi ausdoe sollt. De Gewënner vum Joer virdrun, de Cadel Evans koum wäit hannendru just op Plaz 7 vum Generalklassement.
Den Andy Schleck konnt wéinst enger Chute e puer Woche virdru beim Critérium du Dauphiné net matfueren. Säi Brudder Fränk Schleck gouf de 14. Juli positiv op d'Diuretikum Xipamid getest, wat zwar keen Dopingmëttel ass, mä zur Verschleierung vun Doping benotzt ka ginn an dowéinst trotzdeem net zougelooss ass. Obwuel dee Befonnt net zwangsleefeg zu enger Sanktioun hätt féiere missen huet seng Ekipp e prompt aus dem Tour zeréckgezunn.