| |||
![]() | |||
Detailer | |||
Course | 109. Tour de France | ||
Kompetitioun | UCI World Tour 2022 2.UWT | ||
Etappen | 21 | ||
Datumer | 1. – 24. Juli 2022 | ||
Distanz | 3.349,8 km | ||
Länner | ![]() ![]() ![]() ![]() | ||
Depart | Kopenhagen | ||
Arrivée | Paräis | ||
Ekippen | 22 | ||
Um Depart | 176 | ||
Ukomm | 135 | ||
Vitess (Moyenne) | 42,106 km/h | ||
Palmarès | |||
Gewënner | ![]() | ||
Zweeten | ![]() | ||
Drëtten | ![]() | ||
Beschte Sprinter | ![]() | ||
Biergpräis | ![]() | ||
Beschte Jonken | ![]() | ||
Kombativitéit | ![]() | ||
Equipe | ![]() | ||
![]() | |||
◀2021 | 2023▶ | ||
![]() | Dokumentatioun ![]() |
Den Tour de France 2022 war déi 109. Editioun vum Tour de France am Cyclissem, am Kader vum UCI World Tour 2022. E gouf tëscht dem 1. an dem 24. Juli 2022 gefuer.
De Grand-Départ war zu Kopenhagen (dat hätt scho sollen dat viregt Joer de Fall sinn, ma gouf wéinst der COVID-19-Pandemie op 2022 verréckelt). No 3 Deeg an Dänemark goung den Tour a Frankräich, mat Ausflich an d'Belsch an an d'Schwäiz. D'Arrivée war zu Paräis op der Avenue des Champs-Élysées.
D'Schlussvictoire goung un den Dän Jonas Vingegaard, mat enger Avance am General vun 3 Minutte 34 Sekonne virum Tadej Pogačar, an 8 Min. 13 Sek. virum Geraint Thomas. De Bob Jungels koum op déi 12. Plaz, an de Kevin Geniets op déi 48.