Troja

D'Stadmauere vun Troja.

Troia oder Troja (gr.: Τροία, Τροίη; lat.: Troia, Ilium; tierk.: Truva, an den Altertumswëssenschafte gëtt de lat. Numm benotzt[1]) war eng antik Stad an der Landschaft Troas am Nordweste vun der haiteger Tierkei um Hellespont an der Provënz Çanakkale.

Hisarlık ass den tierkeschen Numm vun engem 15 Meter héijen Hiwwel. D'Stad, déi un den Dardanellen louch, huet den Zougank zum Schwaarze Mier kontrolléiert. D'Schëffer konnten deemools nach net géint de Wand kräizen, also hu si am Hafe vun der Festung op de gënschtege Wand gewaart. Hire Weezoll, d'Lotsen- a Schutzsteieren hunn der Stad Räichtum bruecht. Grouss Berüümtheet krut Troja an der Antiquitéit duerch d'Dichtung Ilias vum Homer, deen hei de legendären Trojanesche Krich beschriwwen huet. Nach an der Spéitantiquitéit gouf d'Plaz mat hire legendären Helden am Réimesche Räich héich veréiert. Mam Ufank vum Mëttelalter gouf Troja a seng Lag vergiess.

Opgrond vun de Resultater vun den Ausgruewunge vun de leschte Joren, ass bei de Fachleit haut onbestridden, datt Troja d'Bün fir den Trojanesche Krich war, dee vum Homer beschriwwe gouf. Beim Homer heescht d'Plaz virun allem Ilion oder Ilios (gr.: Ἴλιον, Ἴλιος).

  1. „14. Fro: Wéi schreift een Troia ?“, Universitéit Tübingen.

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne