United Nations Children's Fund[1] | |
---|---|
![]() | |
Ofkierzung | UNICEF |
Zweck | Hëllf fir Kanner a Mammen an de Beräicher Gesondheet, Familljeplanung, Hygiene, Ernierung a Bildung |
Grënnungsdatum | 11.12.1946 |
Sëtz | New York |
President | Omar Hilale (bis 31.12.2019) |
![]() |
De United Nations Children's Fund (UNICEF) ass d'Kannerhëllefswierk vun de Vereenten Natiounen. D'UNICEF ass den 11. Dezember 1946 gegrënnt ginn an huet hire Sëtz zu New York. Haaptaufgabe sinn et Entwécklungshëllef an humanitär Hëllefsaarbecht fir Kanner an hir Familljen an den Entwécklungslänner ze leeschten.
D'UNICEF krut 1965 de Friddensnobelpräis dee stellvertriedend vum amerikanesche Schauspiller Danny Kaye entgéint geholl gouf.