Uebst

Uebst
Uebst op engem Maart zu Barcelona

Uebst ass e Sammelbegrëff fir iessbar Friichten, déi u kultivéierten oder wëlle Planze wuessen. De Mënsch konsuméiert Uebst wéinst sengem séiss-saierleche Goût, sengem intensiven an agreabelen Aroma a sengem nutritive Wäert. Uebst ka frësch, als Jus, oder als Dessert giess ginn, soubal déi néideg Zeidegkeet erreecht ginn ass oder nodeems et gekacht ginn ass.

Uebst huet wéineg Kalorien an en héije Prozentsaz u Waasser (bis zu 90% vum Gewiicht),[1] wat d'Hydratatioun vum Organismus ënnerstëtzt. De Konsum vun Uebst mat senge Ballaststoffer ënnerstëtzt de korrekten Oflaf vum Verdauungsapparat. Generell huet Uebst keng saturéiert Fettsaieren.

Beléift Uebstzorte sinn Äerdbier, Äppel, Aprikosen, Banannen, Bieren, Kiischten, Orangen, Quetschen a Réngglotten, nieft villen aneren.

  1. Vicente, A.R.; Manganaris, G.A.; Sozzi, G.O.; Crisosto, C.H. (2009): «Nutritional quality of fruits and vegetables», an: Florkowski, W.J.; Shewfelt, R.L.; Brueckner, B.; Prussia, S.E. Postharvest Handling: A Systems Approach (2. Editioun). Amsterdam: Elsevier. pp. 57-106

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne