Den ungaresche Volleksopstand vun 1956 (och Revolt oder heiansdo Revolutioun genannt) war e spontanen Opstand géint d'Regierung vun der Volleksrepublik Ungarn an hir Politik, déi vun der Sowjetunioun imposéiert gouf.
Si ass den 23. Oktober 1956 ausgebrach, wéi d'Staatssécherheetspolice (ÁVH) zu Budapest op Studente vun der Technescher Universitéit geschoss (an ee vun hinnen erschoss) huet, déi zu Dausende virum Radiosgebai demonstréiert hunn, fir datt der e puer vun hinnen hir Revendicatioune kéinten iwwerdroen, an deene se biergerlech Fräiheetsrechter, Parlamentarismus an Onofhängegkeet gefuerdert hunn.
Doropshin goungen Dausende vu Leit am ganze Land op d'Strooss, soudatt schliisslech déi ganz Regierung huet missen zerécktrieden. Et koum zu Kämpf tëscht Milizen, déi sech spontan forméiert hunn, an op der anerer Säit der Staatspolice ÁVH a sowjeteschen Truppen. Pro-sowjetesch Membere vun der kommunistescher Partei goufen exekutéiert oder an de Prisong gestach, a politesch Prisonéier aus dem Prisong fräigelooss, déi sech dann der Miliz ugeschloss hunn.
Eng nei Regierung ënner dem Premier Imre Nagy gouf op d'Bee gesat, déi d'ÁVH ofgeschaaft huet, an déi deklaréiert huet, aus dem Warschauer Pakt wëllen auszetrieden a fräi Walen z'organiséieren. Enn Oktober waren d'Kämpf sou wäit eriwwer, an d'Liewe goung normal weider.
De Politbüro vum Zentralkommittee vun der Kommunistescher Partei vun der Sowjetunioun huet ufanks gemaach, wéi wann e bereet wier, iwwer e Réckzuch vun de sowjeteschen Truppen ze verhandelen, mä de 4. November 1956 si staark Verbänn vun der sowjetescher Arméi a Budapest an aner Géigenden an Ungarn agefall. Bis den 10. November huet déi ungaresch Resistenz dergéint kënnen ukämpfen, mä war der sowjetescher Arméi un Ekipement a Munitioun wäit ënnerleeën an huet sech schliisslech missen erginn. Ronn 2.500 Ungarn an offiziell eng 700 sowjetesch Zaldote koume bei deene Kämpf ëm d'Liewen.
Iwwer 200.000 Ungarn sinn iwwer Éisträich an de Weste geflücht. An de Méint duerno goufen Dausende vu Leit déi am Land bliwwe waren, festgeholl an agespaart, Honnerte goufen an de Méint duerno higeriicht, dorënner och den Nagy. Am Januar 1957 hat déi nei vu Moskau agesat Regierung d'Lag ënner Kontroll, an all Protest oder Oppositioun war ermëlzt.