Virnumm

De Virnumm soll mathëllefen, d'Leit vuneneen z'ënnerscheeden. Bei hirer Gebuert (an/oder Kanddaf) kritt all Persoun een oder e puer Virnimm, wouvun een (heiansdo en duebelen) spéider effektiv benotzt gëtt: de Ruffnumm.

A villen, virun allem a westleche Kulturen, déngt de Virnumm dozou, fir tëscht de Membere vun enger Famill z'ënnerscheeden, am Géigesaz zum Familljennumm, deen d'Zougehéieregkeet zu enger Famill ausdrécke soll.

An deene meeschte Sprooche kënnt de Virnumm virum Familljennumm; d'Ungarn, d'Ost-Asiaten an d'Vietnameese sinn do awer d'Ausnam.

Viraals hunn d'Leit an eiser Regioun de Kanner meeschtens chrëschtlech Virnimm ginn, mä zanter den 1950er Joren hunn anglophon a romanesch Virnimm ëmmer méi u Bedeitung gewonnen. Wat fir e Virnumm schlussendlech e Kand kritt, ass also och zum groussen Deel eng Moudesaach.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne