Vulkan

De Mahameru (Indonesien)

E Vulkan ass eng Plaz op der Äerduewerfläch, wou Magma erauskënnt. Do, wou déi erausprojezéiert gëtt oder erausleeft, entsteet e kegel- oder schëldfërmege Bierg mat engem Krater op der Spëtzt. All Virgäng, bei deene fest, flësseg oder gasfërmeg Stoffer aus der Äerd op d'Uewerfläch kommen, heesche Vulkanismus.

Wann d'Energie aus der Déift vun der Äerd bis bei Äerdkuuscht kënnt räisst se s'auserneen. Déi Hëtzt, déi eropkënnt, deet e Vulkan späizen an d'Äerd seismech zidderen.

D'Äerdplacken, déi déi baussecht Schicht vun der Äerd bilden, ginn no ënne gezunn, wou se deelweis duerch déi enorm Hëtzt schmëlzen. Doduerch kënnt da Magma erop a formt Vulkanketten. Op enger aner Plaz komme Sailen aus waarme Gestengs, Plumes genannt, erop. D'Lava kënnt aus sougenannten Hotspots erausgefloss a léisst Vulkaninselen entstoen.

All déi Prozesser erstinn duerch de gliddegen Äerdkär, deen all seng Hëtzt no baussen ofgëtt, wéi och duerch radioaktiv Prozesser am Äerdmantel an der Äerdkuuscht.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne