Walter Vogt | |
---|---|
Gebuer |
31. Juli 1927 Zürich |
Gestuerwen |
21. September 1988 Muri bei Bern |
Nationalitéit | Schwäiz |
Educatioun | Universitéit Zürich |
Aktivitéit | Psychiater, Dramatiker, Schrëftsteller |
![]() |
De Walter Vogt, gebuer den 31. Juli 1927 zu Zürich, a gestuerwen den 21. September 1988 zu Muri bei Bern, war e Schwäizer Psychiater a Schrëftsteller.
De Vogt huet 1961 ugefaange mat Schreiwen, wéi e Radiolog an engem Berner Spidol war. Duerno huet e sech op Psychiatrie spezialiséiert an eng Praxis zu Muri opgemaach.
Seng Texter si gedränkt mat Ironie a mat bëssegem Spott.
Dem Vogt säi Beruff fierft a villen Texter staark of, et ass eng makaber Siicht op d'Welt wéi bei anere Medezinner, déi Schrëftsteller waren, wéi de Gottfried Benn, de Peter Bamm oder de Alfred Döblin.